LandBrokers.lu – E Courtier, deen direkt op d'Promoteuren zougeet

Wärend nei Immobilie voll am Trend sinn an d'Promoteuren massiv no Grondstécker sichen, hëlleft de Verkaf un e Promoteur Privatpersounen, déi bescht Offer ze fannen.

Et stëmmt, datt bei héigen Banktauxen, Steiervirdeeler an klammender Inflatioun nei Immobiliekeef ganz wichteg sinn an d'Promoteuren versichen, esou gutt et eebe geet, e Bestand u Produkter ze hunn, déi se de Clienten ubidde kënnen.

Fir d'Promoteuren ass et dohier vun entscheedender Bedeitung, méiglechst vill Grondbesëtzer unzeschwätzen, fir se zum Verkaf ze iwwerrieden, fir Haiser- a Wunnengsprojeten duerchzeféieren.

Virun dësem Hannergrond sinn d’Leit dacks verluer. Well et ass schwiereg fir eng Privatpersoun ze wëssen, ob hiren Terrain, dacks esouguer hiren Terrain + Haus, fir e Promoteur interessant kënne sinn. A wann dat de Fall ass, zu wéi engem Präis, zu wéi enge Konditiounen a bannent wéi enger Frist?

Den Internetsite landbrokers.lu gouf an d'Liewe geruff, fir ze versichen, dës Froe beschtméiglechst ze beäntweren. E schléit vir, sech fir d’éischt iwwer dëse ganz bestëmmten an zougespëtzte Beräich ze informéieren, deen de Verkaf vun engem Terrain un e Promoteur ass. 

Dono iwwerpréift den Internetnotzer no enger Onlineschätzungsufroe, d'Krittäre vun sengem Terrain, fir datt den Internetsite d'Promoteuren uschwätzen a Kafvirschléi anhuele kann.

De beschte Virschlag gëtt dem Verkeefer vum Terrain virgeluecht an dee kann dann entscheeden, ob hien en unhëlt.

Wéi e Finanzbroker, dee keen Taux, mee déi fir de Client bescht Offer ubitt, wëll landbrokers.lu e Vermëttler zum Promoteur sinn a bitt dem Verkeefer net nëmmen de beschte Präis, mee deen am beschten op hien zougeschniddene Virschlag: Präis, opschuppend Bedéngungen, Verzögerung, Finanzéierung …

Engem Verkeefer fält et dacks zimmlech schwéier, mat engem Promoteur ze verhandelen, well alles fir hien nei ass. Desen Internetsite erméiglecht et him also, sech vun dëse laangen an laangwierege Schrëtt ze befreien, fir datt en zu de beschte Konditiounen a bannent de Friste verkafe kann, well bei esou engem Verkaf muss ee gedëlleg a verstänneg sinn.

Den Interessi vun landbrokers.lu ass, de Verkaf zum Ofschloss ze bréngen, wat esouwuel vum Verkeefer ewéi och dem Promoteur gewënscht gëtt, eng gutt Ausgangsverbindung ass also dacks de Schlëssel zum Erfolleg vun esou engem Verkaf.

Mir hunn all e gudde Grond fir mat LandBrokers ze schaffen!

Dee beschte Präis

Dir profitéiert vun de beschte Konditiounen duerch eist privilegéiert Ofkommes mat den Promoteuren.

Déi beschte Begleedung

Eis Experten ënnerstëtzen a beroden Iech op eng personaliséiert Manéier.

Dee beschte Kontakt

Dir spuert Zäit andeems Dir vun engem eenzegen, séieren a flexibele Kontakt profitéiert.

Cookies

L'utilisation de cookies sur ce site permet uniquement de vous fournir un service optimal et ne sont pas utilisés à des fins de suivi publicitaire ou commercial. En continuant à utiliser notre site, vous acceptez notre utilisation des cookies.
En savoir plus...

Ok